Den Aufgabeberäich vum Centre d’Incendie et de Secours ass villfälteg an deelt sech an folgend Beräicher op:
|
| Ofwierende Brandschutz |
| First Responder | |
| Technesch Hëllef-Leeschtung bei Ongléck & Gefor | |
| Virbeugende Brandschutz | |
| Groupe Dépollution | |
| Jugendpompjeeën |
Was ist das, First Responder?
Der First Responder ist ein Dienst, welcher sich in der Rettungskette zwischen den Ersthelfern und dem Rettungsdienst des Zivilschutzes eingliedert. Dieser Dienst wird von den freiwilligen Helfern der Stauseegemeinde gewährleistet, welche speziell für diese Aufgabe ausgebildet werden. Ziel ist es, den Personen in Not bis zum Eintreffen des Rettungswagens oder des Notarztes zu helfen.
Der Vorteil bei diesem Dienst ist vor allem die Schnelligkeit, welche durch die Ortskenntnisse und die Nähe zum Einsatzort der First Responder gewährleistet wird.

Die Aufgaben des First Responder:
Der First Responder leistet, vor Ankunft des Rettungswagens oder Notarztes, erste Hilfe. Besonders bei Bewusstlosigkeit, Herzstillstand, Atembeschwerden oder starken Blutungen zählt jede Minute. Durch den First Responder kann in solchen Fällen wertvolle, lebensrettende Zeit gewonnen werden.
Zu den Aufgaben des First Responder zählt aber auch die Betreuung der Familien, der Angehörigen und der Ersthelfer vor Ort.

Unsere Ziele:
– Schnellstmöglich erste Hilfe vor Ort leisten
– In Notsituationen jedem Bürger professionelle Hilfe bieten
– Hilfeleistung und Einweisung der Rettungskräfte
– Betreuung der Personen vor Ort
Muss ich den First Responder rufen?
Sie müssen den First Responder nicht extra rufen. Durch das Absetzen des Notrufes beim 112 wird der First Responder in den dafür vorgesehenen Fällen automatisch alarmiert.
Wie erkennt man uns?
In manchen Fällen kann es aus Zeitgründen vorkommen, dass wir mit Privatfahrzeugen vor Ort kommen. Sie erkennen uns an unserer Einsatzkleidung und unserem First Responder Rucksack.

Wir brauchen Sie!
Um diesen Dienst flächendeckend in der ganzen Gemeinde anbieten zu können, und somit unseren Mitmenschen schnelle und kompetente Hilfe zu gewährleisten, sind wir auf Ihre Hilfe angewiesen! Melden Sie sich bei uns und werden Sie Teil eines jungen, dynamischen Rettungsteams.

Fragen & Anregungen:
Sie können sich telefonisch an einen der Kommandanten der Feuerwehr wenden:
ROLLES Patrick – 621 272 696
SCHON Thierry – 621 262 313
Oder Sie nutzen unser Kontaktformular. In jedem Fall werden wir Ihnen Rede und Antwort stehen.
Am Joer 2013 goufen d’Jugendsektioune vum CIS Bauschelt an dem CISLAC an der Entente Jugendpompjeeën Uewersauer zesumme gefaasst. Ab 2018 ass d’Jugendsektioun vum CIS Wolz och mat dobei.

Jugendpompjee ze si bedeit vir de Jugendlechen, dat en kann zesumme mat senge Kollegen seng Fräizäit verbréngen, dëst op eng spilleresch Aart a Weis, an dobäi och nach wichteges vir d’Liewe léieren. Bei eis gëtt vill Wäert op den Zesummenhalt an der Grupp, Respekt an Team-Aarbecht geluecht.

Niewent dem Kenneléiere vum Pompjeeswiesen an allem wat domat a Verbindung steet, maache mer awer och Sport, sief et Schwammen, Pompjeesconcour, Cross oder sos eppes. Des Weideren huele mer regelméisseg un Evenementer wéi Rallyen oder ähnlechem deel.

Weider Informatioune iwwert d’Jugendpompjeeën zu Lëtzebuerg fënns du um Internetsite www.jugendpompjeeen.lu.
Wann’s du eng Fro zu den Jugendpompjeeën hos oder bei eis wëlls matmaachen (du muss tëscht 8 a 16 Joer hun), da mell dech, andeems de einfach dëse Formular ausfëlls.
Asazzenter Béiwen: L-9635 BAVIGNE, 7, Doerfstrooss
Asazzenter Harel: L-9655 HARLANGE, 7, rue Laach
*** zur Zeit keine Fotos vorhanden ***
Am Joer 1907 sinn déi Béiwener Pompjeeë gegrënnt ginn. An den Ufanksjoeren hunn 37 Awunner Interessi gehat fir mat ze schaffen. Am Joer 1912 huet d’Gemeng de Pompjeeën eng Hand-Feiersprëtz ugeschaaft, déi dunn 1955 duerch eng Motorspompel ersat ginn ass. Ob Wonsch vun de Matbierger sinn 1976, 10 Awunner vu Mecher bäigetrueden, an den Numm vum Corps gouf op “Béiwen-Mecher” geännert.
No deene schroe Bränn zu Kauneref, no dem 1ten Weltkrich an den 20er Joeren, bei deenen et vill Doudeger ze bekloe gouf, hunn sech déi deemoleg Gemengepäpp, virun allem de Schäffe Lorang, Gedanke gemaach vir ee Läschweesen zu Kauneref ze Organiséieren.
Et war de 15. Mäerz 1927 wéi de Comité vum Lokalveräin zu enger Versammlungvu Männlechen Awunner aberuff huet. 32 Memberen hunn sech dunn an déi Aktiv Memberslëscht agedroen. Direkt am Grënnungsjoer huet d’Gemeng dem Kaunerefer Corps eng Handpompel kaaft. 1951 ass déi duerch eng Motorspompel ersat ginn.
1968 sinn déi Léifreger Kollegen dozou gestouss, an de Corps krut den Numm “Kauneref-Léifreg”.
1958 ass de Corps Noutem gegrënnt ginn, dëst mat 19 Grënnungsmemberen. Schonns am Grënnungsjoer hunn d’Pompjeeë missen déi éischt Bewährungsprouf bestoen. Bei Clement an der Kaunereferstrooss huet den Daachstull gebrannt. Bemerkenswäert ass awer dass dëse Brand nach mat Eemere geläscht ginn ass déi vu Mann zu Mann weidergeleet gi sinn. D’Pompjeeë vu Béiwen an Kauneref hunn hinne beim Läsche gehollef.
Am Joer 1959 hunn se dat éischt Material kritt. Et hutt sech em een oppenen, zweeräderige Schlauchwoon mat 2 Standréier, 20 C-Schläich, 3 C-Lanzen an enger zweedeeleger Leeder gehandelt.
Am Joer 2005 hunn déi 3 Pompjeescorpse beschloss vir méi enk zesummen ze schaffen. Nodeems dëst gutt funktionéiert hutt gouf am Joer 2007 eng gemeinsam Organisatiounsstruktur geschaaft an am Joer 2008 d’Fusioun an d’Weeër geleet. Am Joer 2010 gouf d’Grënnung vum neie Corps, deen ab deem Ament “Pompjeeë Stauséigemeng, Sektioun Béiwen” heescht, ofgeschloss. Am Joer 2013 gouf dunn nach den neie Fändel presentéiert a feierlech ageweit.
Eng exakt Chronik vun den Hareler Pompjeeën néier ze schreiwen ass, wéint dem Feelen un Zeien, onméiglech. Fréier gouf manner Wäert op d’schrëftlech Festhale vun Asätz an aneren Ereegnisser geluecht. Aner Dokumenter sinn der Zerstéierung duerch d’Zäit zum Affer gefall. Niewent e puer Hiweiser aus de Par- a Gemengeregister, gouf och op mëndlech Aussoe vun eelere Memberen aus dem Veräin zréck gegraff.
Schonn eng Zäit virun der Grënnung vun de Pompjeeën hat d’Gemeng eng Pompjeespompel déi säit 1852 an engem Schapp bei der Schoul stoung.
Zu där Zäit gouf et vill Bränn. E Beispill ass d’Brandkatastrof vun 1864. Doriwwer soen Artikelen aus dem Luxemburger Wort folgendes:
“HARLINGEN. Wen der Herr lieb hat, den sucht er heim. Das ist an diesem Morgen das alleinige Lösungswort, so wie auch der einzige Trost aller unserer gestern Abend durch eine große Feuerbrunst heimgesuchten Einwohner. Unser Dorf bietet zu dieser Stunde einen grausenden Anblick dar. Von elf Behausungen und zwei Scheunen ist nichts mehr, als die schwarzen Gemäuer und einige verkohlten Balken zu sehen. Von Hausmöbeln wurde nichts oder doch gar wenig gerettet, da gerade zur Zeit des Feuerausbruches alle Leute auf dem Felde beschäftigt waren. Das Traurigste des ganzen Unglücks ist jedoch, dass keine der abgebrannten Häuser versichert ist und somit die armen Leute was den Wiederaufbau betrifft, auf ihre eigenen Kräfte angewiesen sind. Bis jetzt ist die Ursache des Brandunglücks unbekannt, da hierüber verschiedene Gerüchten kursieren. Jedoch soll auch hier wie gewöhnlich, Unklugheit und Unvorsichtigkeit allem Unglücke zu Grunde liegen. Besonderen Dank verdienen unsere Nachbarn von Syr und Ieschpelt, mit deren schleunigen und ausdauernden Hilfe wir nach mehreren Stunden im Stande waren, dem unheilvollen Element ein Halt zu tun. Jedermann hat sich durch Mut und Kühnheit hervorgetan, eine besondere Ehrenmeldung verdienen aber wohl die Herren Ger. Piron, Joh. H. Mertz, Jos Philippe, D. Klein, Joh. Wiltgen und Joh. Roulling, durch deren Unerschrockenheit Kirche und Pfarrhaus, deren Dachwerk schon Feuer gefangen hatte, unversehrt erhalten wurden.”
Den 20. Juli 1864 schreift d’Luxemburger Wort dunn:
“Von der vier Tage vorher abgehaltenen gerichtlichen Untersuchung. « Durch die gestern (16. Juli) hier stattgefundene Untersuchung des Bezirksgerichtes hat sich herausgestellt, dass unser Brandunglück der Unbesonnenheit zweier unzurechnungsfähigen Knaben zuzuschreiben ist. Es hatte nämlich der jüngere der beiden zu Hause einige Streichhölzer entwendet, vermittels deren er unter Hilfe seines Gespielen an dem Giebel des Nachbarn ein Feuer anzündete. Durch die übergroße Trockenheit fing das Dach an den aufsteigenden Fünkchen Feuer und verbreitete sich in einem Nu über zehn Häuser. Der Schaden taxiert man auf 35-40000 Franken. Milde Beiträge an unsere armen Obdachlosen würden mit Dank empfangen werden.”
Wahrscheinlech ass et déi Katastroph déi zur Grënnung vun de fräiwëllege Pompjeeë vun Harel am Joer 1877 gefouert hutt.
Am Virfeld vun der nationaler Reform am Rettungswiesen hunn déi 2 Corpsen aus der Stauséigemeng, deemno Harel a Béiwen, beschloss d’Zesummenaarbecht op en neie Level ze hiewen an dofir an Zukunft just nach als 1 Corps ze funktionéieren.
Während dem Joer 2015 ass en Organisatiounscomité gegrënnt ginn. An enger Membereversammlung am Januar 2016 krut dëse Comité dunn gréng Luucht vir nei Statuten opzesetzen.
De 7. Mee 2016 gouf d’Grënnungsversammlung zu Béiwen am Centre Culturel ofgehal. D’Statute goufe gutt gehal, den neie Comité gouf gewielt an domat de Centre d’Incendie et de Secours de la Commune du Lac de la Haute-Sûre, kuerz CISLAC gegrënnt.